Monthly Archives: May 2015

Test Samsung S6

Zanter knapps engem Mount sinn ech elo stolzen Besëtzer vun engem neien Samsung Galaxy S6. Ganz kuerz wollt ech verschidden Saachen festhalen déi ech méi oder manner interessant fannen.

Iwwerspillen vun den Donnée

An der Zäit wor just Apple bekannt fir den schnellen Wiessel vun engem Aalen op een neien Handy. Ech muss soen, an manner ewéi 3 Stonnen wor mäin kompletten Handy quasi eriwwer kopéiert an operationell. Super Programmer déi Samsung do mat NFC an ähnlechem direkt an einfach zur Verfügung stellt.

Bildschierm

Et ass definitiv deen beschten deen ech bis dato gesinn hunn! Super Bild an kann Super Hell sinn!

Akku / Stroumverbrauch

Eppes wat ech definitiv schlecht fannen, ass dass den Akku agebaut gouf, ouni Méiglechkeet en einfach ze wiesselen. Eng wierklech Negativ Verännerung an mengen Aen! Gutt muss ech par contre d’Akkulafzäit bewäerten. Jo en ass nach nei an Lafzäit also optimal, ma mat bis zu iwwert 2 Deeg ass en schonns bei normalem Gebrauch duerchaus laang adequat an mengen Aen. Mat der Zäit wärt dat sécher op 1 Dag oder nach manner falen, ma deen selwechten Problem hunn iPhone & soss Kontrahenten schonns laang

Mäin negativen Punkt

Een eenzegen Punkt huet mech bis dato wierklech gesteiert um Handy an ech weess net wouhier deen Problem kënnt. D’Ladegerät wat ech derbäi hunn “Summt” am “Leerlauf” richteg extrem. Souguer menger Fra ass et opgefall! Ech hunn et elo ewech geluecht well ech déi al nach hunn ma wierklech un sech inakzeptabel bei engem neien Gerät! Läit et un der neier “Adaptive Fast Charging” Funktioun? Läit et drun dass d’Gerät niewent 5 Volt och nach 9 Volt eraus gëtt? Ech weess et net, mä normal fannen ech deen Kaméidi net. Et ass esou haart dass wanns du den Handy nieft dem Bett lueden géings, dann kéint ech net schlofen. Mä bon… Muss mol Kollegen froen op hier Ladegeräter och esou Kaméidi maachen!

LUX-NSA Skandal

Lo ass et dann offiziell! Iergendzwousch huet elo iergend een Reporter an Éisträich eraus fonnt dass Internet Leitungen ungezaapt goufen, respektiv opmannst sollten ungezaapt ginn, déi vun Lëtzebuerg oder op Lëtzebuerg feieren! Krass! No X Méint Gebläers an Gestreids an Däitschland hunn mer et elo Schwaarz op Weis (oder digital) wat vläit schonns sou muncher een sech geduecht huet.

Sinn mir ower keng Insel? Gëtt et ower iergendzwousch op der Welt Leit déi sech fir dat interesséieren wat zu Lëtzebuerg leeft? Kéint dat vläit sinn wëll mir ower an Europa respektiv Weltwäit an Finanz Domänen oder aneren Sparten guer keng esou grouss Nullen sinn? Oder stellt sech herno eraus dass mir ower richteg grouss Nullen sinn? Vläit huet eisen Budget och einfach ze vill Nullen?

Naja ech well mech guer net dozou äusseren well et eng Diskussioun ass ouni Enn! Souwisou sinn ech wahrscheinlech schonns eng “Persona non Grata” well ech anscheinend schonns Termen ewéi “Tor Network” geGoogle’d hunn an een doduerch bei den Kollegen an Amerika um Radar lant. Du bass suspekt wanns de hinnen net alles weis. Ma sou ass dat wann een mat den groussen Jongen pissen geet, dann kucken se der een bemol beim pissen no, op’s du och an déi Richtung piss ewéi si wëllen…

http://www.rtl.lu/letzebuerg/633589.html

http://www.wort.lu/de/politik/bnd-nsa-skandal-ausmass-ist-groesser-als-angenommen-555b4d500c88b46a8ce59918