NoTele

Internet, Security and more…

Test Samsung S6

Zanter knapps engem Mount sinn ech elo stolzen Besëtzer vun engem neien Samsung Galaxy S6. Ganz kuerz wollt ech verschidden Saachen festhalen déi ech méi oder manner interessant fannen.

Iwwerspillen vun den Donnée

An der Zäit wor just Apple bekannt fir den schnellen Wiessel vun engem Aalen op een neien Handy. Ech muss soen, an manner ewéi 3 Stonnen wor mäin kompletten Handy quasi eriwwer kopéiert an operationell. Super Programmer déi Samsung do mat NFC an ähnlechem direkt an einfach zur Verfügung stellt.

Bildschierm

Et ass definitiv deen beschten deen ech bis dato gesinn hunn! Super Bild an kann Super Hell sinn!

Akku / Stroumverbrauch

Eppes wat ech definitiv schlecht fannen, ass dass den Akku agebaut gouf, ouni Méiglechkeet en einfach ze wiesselen. Eng wierklech Negativ Verännerung an mengen Aen! Gutt muss ech par contre d’Akkulafzäit bewäerten. Jo en ass nach nei an Lafzäit also optimal, ma mat bis zu iwwert 2 Deeg ass en schonns bei normalem Gebrauch duerchaus laang adequat an mengen Aen. Mat der Zäit wärt dat sécher op 1 Dag oder nach manner falen, ma deen selwechten Problem hunn iPhone & soss Kontrahenten schonns laang

Mäin negativen Punkt

Een eenzegen Punkt huet mech bis dato wierklech gesteiert um Handy an ech weess net wouhier deen Problem kënnt. D’Ladegerät wat ech derbäi hunn “Summt” am “Leerlauf” richteg extrem. Souguer menger Fra ass et opgefall! Ech hunn et elo ewech geluecht well ech déi al nach hunn ma wierklech un sech inakzeptabel bei engem neien Gerät! Läit et un der neier “Adaptive Fast Charging” Funktioun? Läit et drun dass d’Gerät niewent 5 Volt och nach 9 Volt eraus gëtt? Ech weess et net, mä normal fannen ech deen Kaméidi net. Et ass esou haart dass wanns du den Handy nieft dem Bett lueden géings, dann kéint ech net schlofen. Mä bon… Muss mol Kollegen froen op hier Ladegeräter och esou Kaméidi maachen!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Time limit is exhausted. Please reload CAPTCHA.