Category Archives: Real Life

Why you should not use any public wifi…

So i fell onto this article which treats security matters of data transfers in networks. And this becomes quiet spooky when you use it in a public Wifi Hotspot.

Anyway i do not want to be the guy who only tells people what not to do because bad things could habben. This article is exactly about what hackers are able to do on a daily basis and no this is not any invented stuff! Things like HTTPS and other Encryption wasn’t invented for geeks, but for the personal security of any internet user.

This is the real deal, not the stuff you see in movies! Everything described in that article was at the time it was written clearly not a hoax! But security of some sites has been increased so some of the techniques are not possible anymore… Or not as easy as they were…

Always use as much Security as possible and this might for example be not to use any Free Internet Hotspot.

Ech sinn op een Artikel gefall deen iwwert Sécherheet handelt vun Netzwierker. An et gëtt zimlech onheemlech wann een gesäit wat engem mat engem publik Wifi Hotspot geschéien kann.

Also ech well net ëmmer den Typ sinn deen den Leit ëmmer nëmmen seet wat se net dierfen maachen well hinnen soss schlecht Saachen geschéien kéinten. Ma dësen Artikel weist ganz genau wat Hacker op deeglecher Basis maachen. Sécherheet ewéi HTTPS an soss Verschlësselungen goufen net erfonnt fir Geeken, ma fir déi perséinlech Sécherheet vun all Internet Benotzer

Deen Artikel ass d’Realitéit, net den Schäiss deen een an Filmer gesäit. Alles wat an deem Artikel beschriwwen gëtt, war zu deem Zäitpunkt wou en verfaasst gouf definitiv esou méiglech! Mä d’Sécherheet huet Fortschrëtter gemeet an net alles ass méi sou einfach méiglech, op mannstst net wei et deemools war.

Benotzt ëmmer esou vill Sécherheet ewéi méiglech an dat kéint z.b. heeschen net egal wei een Gratis Internet Hotspot benotzen.

https://medium.com/matter/heres-why-public-wifi-is-a-public-health-hazard-dd5b8dcb55e6#.kwvgxuez5

LUX-NSA Skandal

Lo ass et dann offiziell! Iergendzwousch huet elo iergend een Reporter an Éisträich eraus fonnt dass Internet Leitungen ungezaapt goufen, respektiv opmannst sollten ungezaapt ginn, déi vun Lëtzebuerg oder op Lëtzebuerg feieren! Krass! No X Méint Gebläers an Gestreids an Däitschland hunn mer et elo Schwaarz op Weis (oder digital) wat vläit schonns sou muncher een sech geduecht huet.

Sinn mir ower keng Insel? Gëtt et ower iergendzwousch op der Welt Leit déi sech fir dat interesséieren wat zu Lëtzebuerg leeft? Kéint dat vläit sinn wëll mir ower an Europa respektiv Weltwäit an Finanz Domänen oder aneren Sparten guer keng esou grouss Nullen sinn? Oder stellt sech herno eraus dass mir ower richteg grouss Nullen sinn? Vläit huet eisen Budget och einfach ze vill Nullen?

Naja ech well mech guer net dozou äusseren well et eng Diskussioun ass ouni Enn! Souwisou sinn ech wahrscheinlech schonns eng “Persona non Grata” well ech anscheinend schonns Termen ewéi “Tor Network” geGoogle’d hunn an een doduerch bei den Kollegen an Amerika um Radar lant. Du bass suspekt wanns de hinnen net alles weis. Ma sou ass dat wann een mat den groussen Jongen pissen geet, dann kucken se der een bemol beim pissen no, op’s du och an déi Richtung piss ewéi si wëllen…

http://www.rtl.lu/letzebuerg/633589.html

http://www.wort.lu/de/politik/bnd-nsa-skandal-ausmass-ist-groesser-als-angenommen-555b4d500c88b46a8ce59918